Témoignage EUROPLAN du 8 novembre 2017 au Luxembourg

Mäin Numm ass Denis Garzaro. Ech hunn 46 Joer si bestuet a Papp vun dräi Kanner am Alter tëscht 13 a 18 Joer. Ech sin Fonctionnair an schaffen beim Staat. Ech hunn eng seele Krankheet: Den „Syndrome de Marfan“.

Et ass genetesch bedéngte Bindegewebe-Krankheet, déi sech op de ganze Kierper auswierke kann: d’Häerz, d’Aen, d’Gelenker, d’Wierbelsail … asw. Si ass net ze heelen a kann nëmme begrenzt behandelt ginn. Wann ee se net erkennt, ka si zum Doud féieren. Eng seelen, onsiichtbar a liewesgeféierlech Krankheet also. Wéi a mengem
Fall.
Onsiichtbar: Daat ass ee vun de Grënn, firwat ech laang net zu menger Krankheet stoung. Waat äntwerten wann ech gesoot kréien: Salut Denis, du geséiss awer gudd aus. Virun 4 Joer haat ech genee op deser Plaaz den Courage fir fir d’eischt an aller Öffentlechkeet iwert meng Krankheet ze témoignéieren. A menger Famill si schonn dräi jonk Leit un engem „anévrisme aortique“ gestuerwen an mir konnt Gott sei Dank am Laaf vun den leschten Joeren schon zwee mol gehollef gin.

No enger schwéierer éischter präventiver Häerz-OP 2007 zu Bréissel, war de Wee an d’ Liewen zeréck, schwéier a laang. Näischt war méi wéi virdrun. Ech hu misse léiere vum 5. Gang an den 1. zeréckzeschalten … an dat fir ëmmer!
Mäi Liewen huet sech radikal geännert. 3 Joer méi spéit hunn ech missten en Urgence mam Helikopter op Bréissel geflunn ginn wéint enger dissection aorthique. Ett konnt eng Prothèse Aorthique agesaat gin. Mäi Liewen hung um seidene Fuedem. Esou kruut ech mein Liewen fir drëtte Kéier geschenckt.
No deenen zwou Operatiounen war net nemmen den Wee an d’Liewen an an den Alldag schwiereg mee och den Wee an d’Aarbechtswelt war komplizéiert. Et gëtt deen Deel Bagage, deen esou ass, wéi en ass. D’Krankheet huet hir eege Spillregelen. An da gëtt et deen Deel vum Bagage, deen ech vu baussen – a mengem Fall vu mengem Patron, dem Staat – operluecht krut.

No zwee mol Congé thérapeutique vun deem ech profitéieren konnt war d’Uerteel vun der Pensiounskommissioun kloer. Ech hun net méi dierfen schaffen goen……Invaliderent vu Januar 2013 un.

Ech erspueren iech hei Détailler vun de Sëtzungen bei der Pensiounskommissioun. Ech si mir virkomm wéi en Ugeklote viru Geriicht.
Wat war mäi Verbriechen? – Ech wollt mein Recht op Aarbecht akloen! Fir mech war ett wichteg a fundamental, nees kënne schaffen ze goen a fir meng Famill kennen ze suergen, ech weess awer och, datt et Leit gëtt, déi kämpfe mussen, fir eng Invaliderent ze kréien.

Ech hätt mir vun menger demolleger Direktioun gewenscht se hätten mir gehollef , …. esou wéi sie mir ett versprach haaten…..

Schlussendlech war ech 3 Joer an 9 Méint an enger gezwongener Invaliderent, dach all déi Zeit hun ech net labber gelooss an war emmer op der Sich no enger Léisung,

– als Eischt hun ech iwert den Tribunal administratif ee Recour agereecht, ouni Erfolleg (ausser Spesen nix gewesen)
– duerno hun ech matt diversen Témoignagen an der Öffentlechkeet drop opmierksam gemaach dass ett fir d’Beamten beim Staat eng grouss Ongerechtegkeet par Rapport zum Reclassement gett,
– ech war all déi Zeit aktiv op der Sich no Aarbecht, well ett fir mech kloer war dass ech der Gesellschaft nach eppes ze bidden hätt an dass ett ech mech net matt deser Decisioun zefridden ging gin.

Am Summer 2015 huet den Zoufall gemeet dass ech um Bus nierwent dem Direkter vum Service National de la Jeunesse stung, ech hun mein Courage an zwou Hänn geholl, sin op hien duer gaangen an hun him kurz meng Situatioun erklärt an gefroot op hien un mir als neien Mattaarbechter interresséiert wier. Zu deem Moment war allgemeng bekannt dass d’Reform Administratif um Instanzewee wier an dass hei och een Artikel dran wier deen den „service à temps partiel pour raisons de santé“ geng regelen. Ee knappen Mount drop soutz ech mam Direkter an mam Personalchef vum SNJ un engem Desch an mir hun zesummen gekuckt wéi ech kéint an hierem Service agebonne gin.
Ett war alles hypothetesch, mee ech kann iech soen dass ett ee gudd Gefill war ze spieren dass sie un mir an un mengen Kompetenzen interesséiert waren.
Am Oktober 2015 ass d’Gesetz duerch d’Chamber gaangen. Ech hun direkt meng Demande bei der APE (Administration du personnel de l’etat) agereecht fir nees dierwen schaffen ze goen , no engem weideren Passage virun der neier Pensiounskommissioun an no esou munchen Administrativen Hürden konnt ech dann endlech den 1ten Mee 2016 nees schaffen goen.
No baal 4 Joer gouf ech nees nei agestallt awer nach emmer mam Loun wéi ech deemols 2012 gekennegt kruut, derbei kennt dass de „service à temps partiel pour raisons de santé“ eng Mesure ass déi nemmen 10 Joer gülteg ass an dass den Loun während deser Period quasi agefruer gett. No desen 10 Joer gett ett 2 Alternativen,
– déi 1 ass déi dass een neess 100% oder 50% schaffen geet matt der entspriechender Rémuneratioun an déi
– déi 2 ass déi dass enn nees an d’Invaliderent zereck geet.

Ech hoffen dass sech un desem Gesetzestext nach verschiddenes ännert well matt esou attraktiven Konditiounen denken ech dass net vill Leit gett déi an d’Zufunkt vun deser Mesure wellen profitéieren.

Vum 5ten Mee 2017 un bis haut versichen ech ee Rendez-vous ze kréien beim Minister vun der Fonction Public dem Här Dan Kersch dest iwert Telefon, Mail asw fir hien an engem perséinlech Gespréich an d’Bild ze setzen iwert d’Situatioun. Och hei gin ech d’Hoffnung net op.

Net méi speit ewéi Geschter hun ech an engem Kommentar um Radio héieren: Zitat : Lëtzebuerg huet e generéise Sozialsystem. D’Sécurité sociale mécht de Gros vum Staatsbudget aus, mä et gëtt Eenzelschicksaler, déi den Ament duerch de Filet falen. De Problem ass net nei an zanter Jore vun der Politik, op d’mannst an der Theorie, och schonn erkannt. Den Plan National Maladies Rares hei zu Letzebuerg ass eng Noutwendegkeet an soll den Betraffenen an de Familijen eng Hellef bidden.

Am Joer 2013 op der EUROPLAN Konferenz ass deemools schon gesoot gin dass desen misst esou séier ett geet emgesaat gin an ett huet trotzdeem bis 2017 gedauert bis domaader konnt ugefaangen gin.

Ech sin dovunner iwerzeecht dass ee Land ewéi Letzebuerg sech d’Méiglechkeet fir ugepassten Léisung un déi jeweileg Problemer vun de betraffene Leit an Familijen misst gin.

Ech soen iech villmools Merci fir Är Opmierksamkeet.

Témoignage EUROPLAN du 19 novembre 2013 au Luxembourg

Témoignage EUROPLAN du 19 novembre 2013 au Luxembourg

Mäin Numm ass Denis Garzaro. Ech hunn 42 Joer si bestuet a Papp vun dräi Kanner am Alter tëscht 9 a 14 […]